Methodologie

Entwécklung vun den Froen

De Questionnaire fir smartwielen ass vun enger Equipe vun der Universitéit Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung entwéckelt ginn. Fir ee verständlechen a virun allem politesch neutrale Questionnaire opzestellen, deen déi wichtegst Themen ofdeckt, huet d'Equipe eng grouss Zuel Acteuren aus der Zivilgesellschaft consultéiert. Ab Mëtt Juni war et alle Bierger*innen méiglech, op enger ugepasster Internetsäit eege Propose vu Froen eranzeschécken. Hei drënner fannt Dir eng detailléiert Beschreiwung vun der Approche fir d'Entwécklung vum Questionnaire.

Entwécklung vun den Froen (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

Matching

Fir d'Distanz tëschent de Positioune vun de Kandidat*innen/Parteien an de Benotzer*innen vu smartwielen ze rechnen, gëtt een Algorithmus, den op der euklidescher Distanz baséiert, benotzt. Hei drënner fannt Dir eng Beschreiwung vum Matching-Algorithmus.

Methodologie vum Matching (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

smartspider a smartmap

Fir d'Positioune vun de Kandidat*innen, Parteien a Benotzer*innen op de sechs Achse vun de smartspideren an den zwee-dimensionale smartmap-Grafiken ze rechnen, gëtt eng relativ einfach a vill benotzte Berechnungsmethod geholl. Hei drënner fannt Dir eng detailléiert Erklärung vun der Method an d'komplett Oplëschtung vun de Froe fir déi verschidden Dimensiounen vu smartspider  a smartmap. 

Methodologie vu smartspider a smartmap (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

smartspider

D'smartspider ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen/Parteien an dem/der Benotzer*in, déi op hiren Äntwerte vum Questionnaire berout. All eenzel vun de sechs Achse representéiert ee formuléiert Zil an engem politesche Beräich (z.B. Ëmweltschutz), dat op 2-4 Deklaratioune vum Froebou berout. Verschidden Deklaratioune goufe méi Achsen zougeuerdnet, aner Deklaratioune goufe kenger Achs zougeuerdnet. Fir all Achs kann e Wäert tëschent 100 an 0 Punkten erreecht ginn. E Wäert vun 100, um baussechte Rand vum Spannennetz, representéiert eng staark Zoustëmmung zum formuléierten Zil vun der entspriechender Achs. E Wäert vun 0, an der Mëtt vum Spannennetz, bedeit, datt et keng Zoustëmmung zum formuléierten Zil gëtt. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem*r Benotzer*in méi gläichen, wat hir smartspiders sech méi iwwerschneiden.

D'Froen am smartspider (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)

smartmap

D’smartmap ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen/Parteien an dem Benotzer*innen, déi op hiren Äntwerte vum Froenbou berout. All eenzel vun deenen zwou Achse representéiert ongeféier 15 Froen. Verschidde Froe goufen den zwou Achsen zougeuerdnet, aner Froe goufe kenger Achs zougeuerdnet. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem/der Benotzer*in méi gläichen, wat d’Punkten, déi hir Positiounen op der smartmap representéieren, méi no beienee sinn. D’horizontal Achs representéiert déi klassesch wirtschaftlech lénks-riets Dimensioun, déi sech op d’Roll vun der staatlecher Interventioun an der Wirtschaft an dem Sozialwiese fokusséiert. D’vertikal Achs representéiert déi progressiv/liberal-konservativ Dimensioun, déi sech op d'Roll vu staatlechen Agrëffer an d'Gesellschaft an d'Privatliewen konzentréiert.

D'Froen an der smartmap (PDF, nëmmen disponibel op Franséisch)