FAQ

Heefeg gestallte Froen (FAQ)

Wat ass smartwielen? Wéi funktionéiert smartwielen?

Smartwielen ass een Tool mat Froen an Äntwerten, deen entwéckelt gouf fir d'Proximitéit tëschent Benotzer*innen a Kandidat*innen oder Parteie bei de Chamberwalen 2023 a Lëtzebuerg ze rechnen. En erlaabt de Benotzer*innen iwwert hir eege politesch Usiichten nozedenken a méi iwwert d'Usiichten a Programmer vun de Parteien a Kandidat*inne gewuer ze ginn; donieft erlaabt et de Benotzer*innen, erauszefanne wéi eng Kandidat*innen a Parteien am meeschten hire politeschen Usiichten entspriechen. Et ginn 44 Froen zu engem breede Spektrum vu politeschen Themen, déi d'Kandidat*innen / Parteien an d'Benotzer*inne beäntweren. D'Resultater weisen d'Ënnerscheeder an d'Gemeinsamkeeten tëschent den Usiichte vun de politesche Parteien an/oder de Kandidat*innen an deene vun de Benotzer*innen. D'Resultater limitéieren sech just op dës 44 Froen. Wichteg: et ass net d'Zil vu smartwielen seng Benotzer*innen z'encouragéieren op eng bestëmmte Manéier ze wielen; et geet dorëms si z'invitéieren sech z'informéieren.

Wéi sinn d'Froen entwéckelt ginn?

D'Theese ginn no de folgende Krittären ausgewielt:

  • Si sinn zu Theme vun der politescher Campagne zu Lëtzebuerg;
  • Si kommen aus Parteiprogrammer an/oder aus Consultatioune mat der Zivilgesellschaft;
  • Si bevirdeelegen net eng oder méi politesch Parteien;
  • Si erlaben net méi Interpretatiounen;
  • Si hunn ee generellen oder spezifesche Charakter (eng Mëschung vu béid Zorte gëtt gesicht);
  • Si hunn nëmmen een Thema;
  • Si ginn op Basis vun der Achs vum Smartspider ausgewielt.

Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi ginn d'Positioune vun de Kandidat*innen an de Parteie bestëmmt?

E puer Woche virun de Wale beäntweren d'Kandidaten/d'Kandidatinnen a Parteien de smartwielen-Questionnaire mat 44 Froen aus enger breeder Palette vun aktuelle politeschen Themen. Esou erstelle si hire politesche Profil op smartwielen.

Firwat hunn e puer Parteien a Kandidat*inne keng Äntwerten?

Virum Start vum Tool hu mir all Parteien a Kandidat*inne kontaktéiert (via d'Parteien) a si gefrot, ob se interesséiert wären deelzehuelen. All Parteien a Kandidat*innen, déi averstane waren, erschéngen op der Websäit. Net all d'Parteien a Kandidat*innen hunn de Questionnaire ausgefëllt a confirméiert.

Wéi ginn d'Resultater berechent?

Op der smartwielen-Websäite beäntwerten d'Benotzer*innen de Questionnaire, deen d'Kandidat*innen an d'Parteie scho beäntwert hunn. Smartwielen vergläicht hir Äntwerte mat deene vun de Kandidat*innen oder Parteien duerch d'Rechne vun der euklidescher Distanz (déi linear Distanz tëscht zwee Punkten an engem multidimensionale Raum). Als Resultat presentéiert smartwielen eng spezifesch Rankinglëscht vun allen Kandidat*innen oder Parteien, déi deelgeholl hunn. D'Kandidat*innen oder Parteie mat dem beschte Matching sti ganz uewen op der Lëscht. Jee méi Froen de/d'Benotzer*in beäntwert, desto méi präzis sinn seng/hir Resultater. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi soll ech de Matching interpretéieren?

D'Resultater baséieren op engem geometresche Matching. Dofir kann de Wäert net direkt proportional gesi ginn zu der Zuel vun den Froen, bei deenen d'Benotzer*inne mat den Äntwerte vun engem/enger Kandidat*in iwwereneestëmmen. D.h. e Match vu 70% bedeit net, datt e/eng Kandidat*in genee déi selwecht Äntwert wéi de Benotzer*in fir genee 70% vun den Froe ginn huet. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi wierkt d'Gewiichtung sech op meng Resultater aus?

D'Benotzer*innen hunn d'Méiglechkeet, hir Äntwerten ze gewiichten. D'Gewiichtung gëtt bei der Berechnung vun hire Resultater berécksiichtegt. Et erméiglecht de Notzer*innen ze spezifizéieren, wéi eng Themen hinne wichteg oder manner wichteg sinn. Wann eng Thees mat engem Pluszeechen (+ = 2) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert zweemol bei der Berechnung vum Matching. Wann d'Thees mat engem Minuszeechen (- = 0,5) gewiicht gëtt, zielt d'Äntwert hallef bei der Berechnung vum Matching. Méi Informatioune fannt Dir an der Methodologie.

Wéi laang gi meng Resultater gespäichert? Wéi kann ech méi spéit erëm drop zréckgräifen?

D'Äntwerten, déi en/eng Notzer*in gëtt, ginn um Sessiounsspäicher vum Computer gespäichert. Soubal den/d'Notzer*in d'Fënster vum Browser zou - oder de Computer ausmécht, ass d'Sessioun fäerdeg an all d'Äntwerte gi geläscht. Sou ass sécher gestallt, datt keng aner Notzer*innen op Är Date kënnen zougräifen. Wann Dir Är Resultater wëllt späicheren, da kënnt Dir Iech se per Email op der Resultatersäit schécke loossen.

Wéi kann ech de smartspider interpretéieren? Wéi ass de smartspider berechent?

De smartspider ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen / Parteien an dem/der Benotzer*in, déi op hiren Äntwerte vum Questionnaire berout. All eenzel vun de sechs Achse representéiert e formuléiert Zil an engem politesche Beräich (z.B. Ëmweltschutz), dat op 2-4 Deklaratioune vum Questionnaire berout. Verschidden Deklaratioune goufe méi Achsen zougeuerdent, aner Deklaratioune goufe kenger Achs zougeuerdent. Fir all Achs kann e Wäert tëschent 100 an 0 Punkten erreecht ginn. E Wäert vun 100, um baussechte Rand vum Spannennetz, representéiert eng staark Zoustëmmung zum formuléierten Zil vun der entspriechender Achs. E Wäert vun 0, an der Mëtt vum Spannennetz, bedeit, datt et keng Zoustëmmung zum formuléierten Zil gëtt. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem/der Benotzer*in méi gläichen, wat hir smartpiders sech méi iwwerschneiden. Fir méi Informatiounen iwwer de smartspider a wéi eng Deklaratioune wéi engen Achsen zougeuerdent sinn, klickt op Methodologie.

Wéi kann ech d’smartmap interpretéieren? Wéi ass d’smartmap berechent?

D’smartmap ass eng grafesch Duerstellung vun de politesche Profiller vun de Kandidat*innen / Parteien an dem Benotzer*innen, déi op hiren Äntwerte vum Froebou berout. All eenzel vun den zwou Achse representéiert ongeféier 15 Froen. Verschidde Froe goufen den zwou Achsen zougeuerdent, aner Froe goufe kenger Achs zougeuerdent. Wat sech d’politesch Profiller vun engem/enger Kandidat*in/enger Partei an dem/der Benotzer*in méi gläichen, wat d’Punkten, déi hir Positiounen op der smartmap representéieren, méi no beienee sinn. D’horizontal Achs representéiert déi klassesch wirtschaftlech lénks-riets Dimensioun, déi op d’Roll vun der staatlecher Interventioun an der Wirtschaft an dem Sozialwiese fokusséiert. D’vertikal Achs representéiert déi progressiv/liberal-konservativ Dimensioun, déi sech op d'Roll vu staatlechen Agrëffer an d'Gesellschaft an d'Privatliewen konzentréiert. Fir méi Informatiounen iwwer d’smartmap a wéi eng Froe wéi engen Achsen zougeuerdent sinn, klickt op Methodologie.

Wat geschitt mat mengen Äntwerten an der Ëmfro?

D'Äntwerte vun der Benotzer*innen-Ëmfro sinn anonym a hu keen Afloss op d'Resultater. Si gi vun der Universitéit Lëtzebuerg fir d'Recherche benotzt. Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis w.e.g. iwwert info@smartwielen.lu.

Ass smartwielen mat enger politesch Partei, Kandidat*innen, asw. associéiert?

Neen, all d'Organisatiounen déi an der Entwécklung an dem Ëmsetze vu smartwielen involvéiert sinn (Uni Lëtzebuerg, Zentrum fir politesch Bildung a smartvote / Politools) sinn iwwerparteilech an Non-Profit-Organisatiounen.