Iwwert eis

Wee si mir?

Smartwielen ass e Projet vun der Uni Lëtzebuerg an dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB). Et ass eng ugepasste Versioun vum smartvote, eng sougenannten VAA (Voting Advice Application), déi 2003 an der Schwäiz entwéckelt gouf a vu Politools bedriwwe gëtt.

Universitéit Lëtzebuerg / PLDP

  • Raphaël Kies - Chercheur an der Politikwëssenschaft (Unilux) – Matbegrënner & Verantwortlechen (PLDP)
  • Ekaterina Chirkova - Spezialistin fir Fuerschung an Entwécklung(Unilux) – Mitbegründerin & Koordinatorin (PLDP)
  • Agnieszka Walczak - Dokter an der Politikwëssenschaft (Unilux) – Partner (PLDP)
  • Emilien Paulis - Postdoktorand am Beräich Politikwëssenschaft (Unilux) – Partner (PLDP)

D'Universitéit Lëtzebuerg ass eng ëffentlech Héichschoul mat Schwéierpunkt op Fuerschung a Bildung. D'Fakultéit fir Humanwëssenschaften, Erzéiungswëssenschaften a Sozialwëssenschaften (FHSE) ass spezialiséiert an der Fuerschung am Beräich vun de Sozial- an Humanwëssenschaften an an de Kognitiouns-, Sproochen- an Erzéiungswëssenschaften.  An dëser Fakultéit ass déi Lëtzebuerger Plattform fir participativ Demokratie (PLDP) gegrënnt ginn. D'PLDP konzentréiert hier Mesuren op dräi Schwéierpunkten.

  1. Wëssensverbreedung: PLDP huet sech zum Ziel gesat, een nationaalt an internationaalt Netzwierk rondrëm d'Erausfuerderunge vun der participativer Demokratie zu Lëtzebuerg opzebauen, fir Synergie mat institutionellen an net-institutionellen Acteuren an Actricen ze schafen, déi drun interesséiert sinn, participativ Projeten ze suivéieren an z'entwéckelen.
  2. Zesummenaarbecht bei participative Projeten: Eng zentral Aufgab vun d'PLDP ass et, fir participativ Projeten, déi et elo scho gëtt oder an Zukunft wäert ginn, ze begleeden an ze bewäerten.
  3. Fuerschung an Ausbildung: PLDP wëll Fuerschungsprojeten initiéieren a begleeden, déi op der Uni Lëtzebuerg - oder an Zesummenaarbecht mat der Uni - a verschiddenen Disziplinnen entwéckelt ginn. PLDP huet och d'Zil,Schoulunge fir Student*innen an Praktikant*innen unzebidden.

Universitéit Lëtzebuerg >

PLDP >

Zentrum fir politesch Bildung

  • Marc Schoentgen - Direkter
  • Michèle Schilt - Directrice adjointe
  • Pit Weber - Projekt-Manager

Den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ass eng onofhängeg Fondatioun, déi zivillen Engagement promouvéiert andeems si d'Verstoe vu Politik, Demokratie an aktuelle sozialen Erausfuerderunge stäerkt. D'Haaptzil ass et, Jonker z'encouragéieren um politesche Liewen an um ëffentlechen Debat deelzehuelen. D'Aarbecht vum Zentrum baséiert op dräi Pilieren:

  1. Léieren: Den ZpB entwéckelt Unterrechtsmaterial a Weiderbildungen iwwer aktuell politesch a sozial Themen. Zilpublikum sinn Enseignanten an der Grondschoul an am Lycée esou wei Educateuren an der Kannerbetreiung oder dem Jugendberäich.
  2. Verstoen: Den ZpB stäerkt d'Verständnis vun demokratesche Prozesser a sozialen Erausfuerderungen duerch Workshoppen, Debatten, Konferenzen an Ausstellungen. Bicher an aner Informatiounsmaterialie ginn an enger spezialiséierter Bibliothéik zur Verfügung gestallt.
  3. Participatioun: Den ZpB organiséiert Concoursen an aner Aktivitéite fir den Interessi vu jonke Leit un der Politik z'encouragéieren. Mir ënnerstëtzen Institutiounen aus der formaler a non-formaler Bildung bei der Entwécklung a Stäerkung vun demokratesche Strukturen.

Zentrum fir politesch Bildung >

Luxembourg National Research Fund (FNR)

smartvote / Politools

  • Robin Bartlett Rissi - Projekt Manager
  • Jan Fivaz - Grënner
  • Daniel Schwarz - Grënner
  • Albert Waaijenberg - Web Design

Smartvote ass eng Schwäizer Voting Advice Application, déi vun der politesch neutraler, gemengnëtzeger Organisatioun Politools entwéckelt a bedriwwe gëtt. Politools ass en interdisziplinäert, wëssenschaftlecht Netzwierk mat Sëtz zu Bern (Schwäiz). Et entwéckelt internetbaséiert Projeten fir d'politesch Bildung, d'politesch Transparenz an d'politesch Analyse ze fërderen. Säit 2003 huet smartvote Benotzer*innen an iwwer 300 Walen an der Schwäiz an an Europa informéiert. 

Politools >
smartvote International >
smartvote Switzerland >

Zeilenwerk ass eng IT Firma baséiert zu Bern (Schwäiz), déi sech op d'Konzeptioun, d'Architektur an d'Entwécklung vu sophistikéierten, personaliséierte Software a Webapplikatiounen konzentréiert. Als Haapt IT Partner vun Politools, Zeilenwerk (fréier als soom-it bekannt) ënnerstëtzt d'Entwécklung vun der Smartvote Web Plattform zënter 2014.

Zeilenwerk >